Compte-rendu vun eisem Atelier op der « Journée Pédagogique »

zu Walfer den 15. Februar 2000

 

"Elteren a Pedagoge fir Integratioun" war vertrueden durch:

Doniewt hun 10 Leit aus dem edukative Beräich aktiv un den Discussiounen deelgehol.

Als Aleedung as den 2. Deel vum Film <Zesummen> gewise gin, mat Beispiller vu geliëwter Integratioun an der Klass.

D'Madame Houwen huet hir Erfahrungen mat Integratioun als eng positiv Experienz bezeechent, an zwar fir all Bedeelécht.

Di gudd Schüler hu vun der Integratioun profitéiert, well si séch valoriséiert gefillt hun an doduerch dat se dem Behënnerten emol eppes erklärt hun, hu si selwer de Problem méi kloer gesin. Di mëttel a schwaach Schüler hu vun der Differenzéierung profitéiert, laanscht déi een an enger Integratiounsklass nët kënnt. All hun se vun dem Geescht vun Toleranz a Kooperatioun profitéiert, deen an der Klass opkomm as.

Et waren haaptsächléch dës Themen di diskutéiert gi sin:

Wie kann integréieren?

Et war der Madame Houwen wichteg, kloerzestellen dass jiddereen integréiere kann. Integratioun kann mat all Aart a Weis Schoul ze halen fonktionnéieren.

Een Enseignant, deen ee Kand intégréiert, huet zwar eppes méi Aarbécht, e muss séch am Viraus méi Gedanken iwer säin Unterrécht maachen, huet awer och méi Erfollégserliewnësser.

Hie muss awer och bereet sin, mat enger Assistance en classe zesummen ze schaffen. Dat huet den zousätzléche Virdeel, dat een déi Hëllef och fir di normal schwaach Kanner huet.

Ouni Differenzéierung ass Integratioun nët méigléch. Mä Differenzéierung ass souwisou an all Klass noutwendeg, well jiddereen war d'accord dat an enger ganz normaler Klass wéinstens dräi Niveau'en sin.

A wéi enge Klasse kann integréiert gin?

Vill Enseignant'en froen séch bis zu wéi enger Klass Integratioun méigléch ass. Si ware frou ze héieren, dass schon e puer behënnert Kanner den Iwergank an de Secondaire erreecht hun, an och do Enseignant'en fond hun, déi bereet sin esou staark ze differenzéieren. Bis elo hun si et fäerdeg bruecht séch och do ze behaapten.

An esou engem Fall ass ët vu Virdeel wann déi Assistance en classe, déi d’Kand am Primaire begleet huet, och ka mat an de Secondaire eriwergoen. Esou ka si den zukünftége Proffen a Klassekomeroden, an de Schüler aus anere Klassen, dem Behënnerten séng speziell Situatioun erklären. Well Integratioun ass eng Saach vun engem ganze Schoulgebei, nët nëmmen vun enger Klass.

Prüfungen an Zensuren:

Allgemeng gin d’Zensuren als ze subjektiv an als noutwendégt Iwwel ugesinn. Eng schréftléch Appreziatioun wär méi genau ewéi Punkten di nët genuch aussoen a vill Fähegkeeten vun de Kanner guer nët berücksichtigen.

Verschidde Leit hu gudd Erfahrungen mat dem System gamaach, datt dat integréiert Kand och Prüfunge mécht, déi séngem Niveau ugepasst sin, awer zu där selwéchter Zäit wi di aner Kanner an iwer di selwécht Grondmatière. D'Prüfungen sollen esou sin, datt si dem Kand en Erfollégserliewnëss gin an et zu weidere Leeschtunge motivéieren. Fir dem Kand Sécherheet ze gin war an där Klass d'Assistance ëmmer dobäi wann eng Prüfung gemaach gouf. Hei gouf och niewt der üblécher Zensur eng schrëftléch Bewertung gemaach.

Een Enseignant bewert d’Leeschtung an de Prüfungen mat rouden, orange oder gréngen Luuchten, a schreiwt d'Punkten eigentlech nëmmen

fir d’Elteren drop.

Programm:

Dat behënnert Kand sollt de Programm vun der Klass matmaachen, wa méigléch, och wann dat fläicht nëmme méndléch oder mat Biller leën oder Mole geet. Wichtéch as et, dat d'Kand d'Gefill huet, derbei ze sin an datt trotzdem säi Rythmus a séng Fähegkeeten respektéiert gin. Et as nët wichteg, dat et e bestëmmten Deel vum Programm beherrscht, hat huet jo souwisou en individualiséierten Léierplang.

Zesummenaarbécht mat den Elteren:

Ouni Zesummenaarbécht mat den Elteren ass Integratioun nëmme schwéier méigléch. D'Elteren kënnen wertvoll Informatiounen iwer dem Kand séng Fähegkeete gin.

Schwierégkeeten:

Och e behënnert Kand muss léieren, Regelen anzehalen a ka gestrooft gin. Déi Stroofe mussen awer sénge Fähegkeeten ugepasst, a méigléchst konkret sin.

Sträidereien an onpassend Behuelen sollten an der Klass mat alle

Bedeelechten duerchgeschwat gin. Dobei kann een di bekannten Mëttele benotzen (Dramatiséieren, Rollespiller…)

Et sin eng Rei vu méigléche Stëllbeschäftigungen fir e behënnert Kand opgezielt gin z. B.:

Et as awer och nët schlëmm wann d'Kand eng Kéier einfach nokuckt oder nolauschtert.

Verschiddenes:

Nach ëmmer feelt den Enseignant'en eng Persoun, bei där si Informatiounen, Ënnerstëtzung, Hëllefsmëttel, … kënne kréien.

De Wonsch gouf geäussert, dass d’Gemengen och hieren Deel vun der Verantwortung sollten droen z.B.: Schoulhäff sollten ronderem zou sin…

Et war eng liewég an interessant Discussiounsronn fir déi mir alle Bedeelégte merci soen.