Mam Euro duerch Europa

Déi 6 Spillschoulsklassen hun déi 12 europäesch Länner, wou mam Euro bezuelt gëtt, duerch typesch Dänz, Lidder Geschichten a kleng Szenen duergestallt.

E flotten Décor, vill Musek, Diaen a Film hun dës grouss Opféierung begleed.

3 Klassen aus Houffalize, enger jumeléierter Stad vun Niederaanven haate mir fir dës Gelgenhet invitéiert.

Sie waren e ganzen Dag bei eis. Moies hun sie Aktivitéiten zesummen matt 3 Primärschoulsklasse gemaach. Sie sin d’Kasematte besichtege gaang an hun matt der Spillschoul zesummen e Frëndschaftsdanz bei der Opféierung gesongen a gedanzt.

De Spektakel ass gefilmt gin. Scheckt eis e Mail, wann Dir Loscht hutt d’Kassett ze léinen.

Vill Spaass beim Kucken vun de Fotoen, déi e klengen Androck vun der Freed a Begeeschterung vun de Kanner während hierem Optrëtt vermëttelen.

Pointing Finger GIF file and Link:  Hoxie High School Hoxie Kansas KS - Clipart Gallery and Collection - Free GIF and JPG files to download