.... E bessche méi spéit an der
Schoul, wou d’Joy dru komm as fir am Däitschen ze liesen, du as d’Katastroph
geschitt. Den « S » an de « Sch » hun sech tselwecht unhéieren wann hat gelies
huet, an a senger Oprejung huet d’Joy d’Zeile verwiesselt an alles falsch
gelies. Et war furchtbar. Me dat war nach net alles : um Wee fir hem huet hatt
héieren wéi e puer Bouwen hannert enger Heck gesongen hun : « D’Schoy huet eng
Tschahnschpang, d’Schoy ka net méi schwätzen, D’Schoy huet eng Tschahnschpang,
d’Schoy ka schust nach tuddelen » an du si se eraus gespronge komm a fortgelaf.
D’Joy fängt u mat kräichen an hängt sech un d’Jessica : « Oh Jessica wat soll
ech nemme man ? Hues du gesinn wen dobäi war ? » Wi
d’Jessica doheem war, wollt hat näischt iessen, hat wollt direkt bei den Zaff.
Ennerwee ass hatt nach d’Joy siche gaang. Um Wee fir dohi krutt et awer e beemol
e schlecht Gewëssen. Hat den Zaff nët zu him gesot, datt hatt kengem vum roude
Buch sollt erzielen?
A sou ass dat schlecht Gewëssen erem verflunn. Wi et endlech beim
Joy doheem ukomm war huet et geschellt. Dem Joy säi Brudder huet opgemaach a
geruff: „Joy, ass ‚t ass déng Frëndinn, d’Jessica!” D’Joy koum direkt d’Trapen
erofgerannt: „Salut! Gi mier elo bei den Zaff?“ „Jo“, äntwert d’Jessica. „Komm!“
D’Jessica huet d’Joy um Aarm geholl a mat sech gerappt. Ennerwee huet d’Joy de
ganzen Zäit missen un de Max denken. Nie hätt hatt geduercht, dass de Max esou
blöd wäer.
Eng véierel Stonn méi spéit koumen si beim Zaff un. Hie wor ganz
verwonnert wi en déi zwee an der Dier gesi huet stoen: „A wat maacht dier dann
hei?“ D’Jessica ass op en duergaang an huet em an d’Ouer geflüstert: „So, et
geet em dat rout Buch.“ Den Zaff huet et verwonnert gekuckt: “Firwat?” D’Jessica
huet em erkläert: „’t ass wéinst dem Joy sénger Spang.“ „Wat ass da mat däer?“
wollt den Zaff wëssen. „Ma jiddereen mecht de Geck mat him, an ech wëll wësse
wéi dat weidergeet.“ Den Zaff huet gezéckt. „Mee da musse mier hat an eist
Geheimnis aweien.“ „Da maache mier dat eben, wangechglifft!“ Den Zaff huet nach
laang iwerluecht, ob hien de Problem nët eleng léise kéint, mee du sot en:
„Kommt, mir huelen dat rout Buch, a kucken dran, ob et eis nët weiderhëllefe
kann.“ „Nëmmen e Buch!“, sot d’Joy enttäuscht. „Dat ass kee gewéinlecht Buch“,
huet den Zaff erkläert. „Wann een dra schreift, da gesäit ee séng Zukunft.
„Waaaaaat!“, sot d’Joy, „séng Zukunft???“ „Jo, ech hun et hei um Späicher an
engem verstëppstenen Eck fonnt.“ „Da weis mer dat mol, ech gleewen dat nët
richteg.“ Den Zaff huet déi zwee Meedercher erop op de Späicher geféiert. An der
Trap sot en zu hinnen: „Dier dierft awer soss kengem dat Geheimnis verroden.“,
an dun huet en d’Dier fir op de Späicher opgemaach.
„Wow!“, huet d’Joy gestaunt, „gesäit dat hei cool aus!“
Den Zaff huet sech e Wee duerch d’ Wull gesicht, a schliesslech
huet en dat déckt rout Buch aus dem Schaf erausgezunn. D’Jessica huet sech
gefrot: „Wou ass dann dee schéine Päiperléck, de Klenge Fuuss? Fonktionnéiert
d’Buch dann iwerhapt?“ „Keng Ahnung“, huet den Zaff gemengt, „bis elo war hien
nach ëmmer do!?!“
Den Zaff huet dat riesegt Schlass opgespaart an dun huet en
d’Buch opgeklappt an et virun d’Joy geluegt. „Hei, huel dëse Stëft!“, sot en an
huet dem Joy de Bic an d’Hand ge dréckt. Maach wi wanns de eppes wéilst
schreiwen!“ D’Joy, daat nët wousst waat et vun deem Ganzen hale soll, huet
gefollegt a säin Numm op eng eidel Säit geschriwwen. Näischt ass geschitt. „An
elo?“, huet d’Joy ongedëlleg gefrot. Den Zaff huet e bësse komesch dragekuckt.
„Ech wees nët wat d’Buch huet, normalerweis seet et d’Zukunft viraus.“ „Vläicht
läit et awer um Päiperléck!“, huet d’Jessica gemengt. An deem Moment ass eppes
Gieles an d’Zëmmer eragefladdert komm. „Wow, wat ass dat e schéine Päiperléck!“,
huet d’Joy geruff. „Ass dat dee vun deem dir déi ganzen Zäit schwetzt?“ „Jo, dat
ass en“, hun d’Jessica an den Zaff wéi aus der Pistoul geschoss geruff. De
Päiperléck huet sech nierwt dat rout Buch gesat an d’Jessica huet gefrot: „Solle
mir lo nach eng Kéier probéieren?“ D’Joy ass ëmmer méi ongedëlleg gin, an huet
ugefaang mat de Fangeren op d’Kommoud ze trommelen. „Roueg, Joy, maach nët su
vill Kaméidi, soss flitt de Päiperléck direkt nees fort.“, huet den Zaff
gepëspert. „Komm, probéier et nach eng Kéier!“ Ganz virsichteg huet d’Joy sech
virun d’Buch gesat an huet de Stëft nees an d’Hand geholl. Op eemol wor hatt
guer nët méi ongedëlleg, mee nëmmen nach gespaant op dat wat elo kéim. An dun
huet et ugefaang mat schreiwen. Op eemol huet et funktionnéiert! Während d’Joy
geschriwwen huet, hun d’Jessica an den Zaff haart mattgelies:
Moies gin d’Jessica an d’Joy nët méi laanscht dem Max säin Haus.
Ganz am Géigendeel. Si maachen e riesegrousse Bou drëm, an dat ass e
riesegroussen Emwee. Ganz knapp virum Schellen kommen si bei der Schoul un. Sou
hun d’Kanner keng Zäit méi fir d’Joy auszelaachen. D’ Trape flitzt d’Joy erop wi
de Blëtz. Bis elo huet nach keen hatt ausgelaacht. Mee am aneren Eck vun der
Schoul huet een immens vill Gelächter héieren. An der Klass geet d’Joy direkt op
séng Plaz. Hatt stellt sech schon drop an, dass wann hat eppes seet e risegt
Gelächter iwer hatt kënnt. A grat an deem Moment hun déi aner ugefaang mat
Laachen. „Wat ass dann elo lass“, huet hatt geduecht, „ech hun dach iwerhapt
näischt gesot?“ Mee dun huet et eng Jongestëmm héieren, an nees Gegröls. Elo
huet d’Joy verstane wat lass war. Si hun nët iwert hatt gelaacht, mee iwert de
Max. Hien hat elo nämlech och eng Zahnspang. D’Joy konnt am Moment schon
zimmlech gutt mat sénger Zahnspang schwätzen. Bis spéit owes soutz hat gëschter
a séngem Bett an huet probéiert d’Buschtawen richteg auszeschwätzen. Mee wann de
Max elo eppes gesot huet, da wor dat eng Katastrof. Wann hien „Zahnspang“ soe
wollt, dann ass „Tschaanschbang“ erauskomm. Dem Joy ass dee Moien opgefall, dass
wann hatt eppes gesot huet, scho guer kee méi gelaacht huet, mee beim Max hun se
alleguer gelaacht, suguer d’Joy huet et witzeg fonnt. No der zweeter Stonn ass
hien op d’Toilette gelaf, well hien et an der Klass nët méi ausgehal huet. Mee
och hei wor hien nët eleng. Hannert him stoungen e Jong an e Meedchen déi sech
grad besser kennegeléiert hun. Si hun en erausgehäit an hun him och nach eng
mega fest drageschlon.
De ganzen Moien wor fir de Max d’Hell. Hie konnt séng Tréinen
nëmme knapps ënnerdrécken, mee no der Schoul wor keen Hale méi. Am Haff sin
d’Tréinen nëmme sou gelaf komm. Wi d’Joy, d’Jessica an den Zaff dat gesin hun,
si si bei hie gaang. De Max war e bësse frou wi hie se gesin huet kommen,
schliesslech woren den Zaff, d’Jessica an d’Joy déi eenzeg déi hien nët
ausgelaacht haten. De Max huet sech direkt beim Joy entschëllegt, dass hien den
Dag virdrun sou eekleg mat him war. D’Joy huet him verzieen an hut gesot, dass
et nët schlëmm wäer. Dun huet et him virgeschlon, dass hie jo de Mëtteg mat bei
hatt heem kéint kommen fir richteg schwätzen ze üben. De Max huet säi Virschlag
ugeholl an zesumme sin se bei d’Joy heem gaang.
Fir z’iesse gouf et Spaghetti, dat war dem Max an dem Joy hiert
Lieblingsiessen.Während dem Iessen huet d’Joy nees missten un dee viireschten
Dag denken. Do soutz de Max hannert der Heck an huet d’Joy ausgelaacht. An elo
huet heen hatt gebraucht. Bis owes em 8 Auer hun se zesumme geléiert a sëch
richteg gutt verstan. Si sin an deem Nomëtteg nees richteg gutt Frënn gin.
Nach e puer Wochen dono huet een d’Joy an de Max zesumme gesin, a
jiddereen deen de Geck iwert hier Zahnspang gemaach huet, hu si mat engem coole
Sproch ofgewimmellt.
« Ma secher hun ech dat gesinn, sou kleng as de Max jo wierklech net. » äntfert
d’Jessica ausser sech. Dat do berappt hien awer ! !
«A wat wells du da man? schluchzt d’Joy, « alles nemme wéint dene blöden Zänn.»
« Soll ech dir mol eppes soen, Joy, wann hien esou reagéiert an de Geck mat dir
mecht, dann as hien et guer net wäert dass du un hien denks ! »
« Du hues einfach schwätzen » piepst d’Joy..
« Wes du wat, mir gin de mettech bei den Zaff, ech mengen datt hien dir hellefe
kéint » seet d’Jessica an denkt un dat geheimnisvollt rout Zauberbuch.
Mee hien hat bestëmmt och matkritt dat d’Kanner d’Joy an der Schoul ausgelaacht
hun.