SCHLÉIWENHECKEN
Den
Hank of kléngelt fein de Babbelbuer;
An
eppes , eppes Schéines as um kommen.
Wéi
stongen d'Hecken schamper alleguer!
Do
as et wi Bromä an d'Äscht geklommen.
Ma
koum dann aus dem Buedem groën Damp
A
bleiwt e grozég an den Dären hänken?
An
iwert d'Däre wëscht ët wéi ee Schwamp ;
Vu
wäitem mengs de, 't giwe Schläre schwenken
Eng
gliddég Sonn zerkësst den Därentrausch,
Bis
un de Gamme Sëlwerstäre blénken,
An
honnert Beie man e frouen Dausch,
Wa
si séch sat un all dé Bléien drénken .
Keup Jos |